OnHEEMlech

Am Kader vun Esch22 an der LiteraTour hu mir den 20., 21. an 22. Mee 2022 de Krimidinner „OnHEEMlech“ opgefouert.

E Mann gëtt geckeg

De 27. an 28. November, souwéi den 3. a 4. Dezember 2021 stounge mir fir d’éischte Kéier no der Corona-Paus erëm op der Bün an hunn den 3-Akter „E Mann gëtt geckeg“ zu Beetebuerg am Schlass gespillt.

Le Chesterfield du Cinquième

Am Kader vun der LiteraTour 2021 vun der Gemeng Beetebuerg hunn d’Beetebuerger Theaterfrënn d’Liesung „Le Chesterfield du Cinquième“ vum Nathalie Ronvaux patronéiert. Si war Mëttwochs, den 28. Abrëll um 19.30 Auer zu Beetebuerg am Schlass.

Rallye LiteraTour 2021

E Sonnden, den 18. Abrëll 2021 waren d’Beetebuerger Theaterfrënn mat der Statioun „Schatzinsel“ um Rallye am Kader vun der LiteraTour vun der Gemeng Beetebuerg vertrueden. Natierlech ganz Corona-konform 🙂

Fotoen

Ofgesot

Wéinst der aktueller Situatioun hu mir décidéiert fir eist grousst Stéck am November / Dezember ofzesoen.