Iwwert Eis

D’Beetebuerger Theaterfrënn a.s.b.l ass e liewegen, aktive Veräin aus der Gemeng Beetebuerg, deen et scho säit 1988 gëtt.

btf

Eise Comité

No der Generalversammlung vum 26. Februar 2024, besteet eise Comité aus 7 Memberen.

PRESIDENT

Alain LILTZ

VIZE-PRESIDENTIN

Vanessa DENNENWALD

SEKRETARIAT

Nathalie KOHL
Nathalie WEBER (adjointe)

KEESS

Vanessa DENNENWALD

MEMBEREN

Pascal DOPFELD
Guy LANGERS
Anne-Marie WEINS

Eis Presidenten

1988 – 1990
Serge HOFFMANN

1990 – 2000
Annette LANSER

2000 – 2015
Fernand KIEFFER

2015 – 2017
Monique BREISCH

2017 –
Alain LILTZ

Eise Proufsall

Eise Proufsall befënnt sech um Späicher vun der Gemengenadministratioun an der Rue du Château zu Beetebuerg. Dëse Sall ass ideal, well mir eis Bühn 1-zu-1 opriichten, Comitésversammlungen ofhalen, Requisite stockéieren an e grousst Archiv u Stécker verwalte kënnen.

Eis Geschicht

1887

Virun de Beetebuerger Theaterfrënn goufen et schonn aner Veräiner, déi zu Beetebuerg Theater gespillt hunn. Deen eelsten Zeien ass d’Musekgesellschaft „Victoria“, déi 1887 fir d’éischt fir d’Beetebuerger Kiirmes Theaterowender organiséiert huet.
Säitdeem hu Veräiner, wéi de „Cercle des mandolinistes Bettembourg“, „Les copains“, „Théaterfrënn d’Uelzecht“, d’Chorale „Sängerfreed Betebuerg“, de Kannerkouer „Les enfants de l’Alzette“ Betebuerg, d’Chorale Ste-Cécile Betebuerg, d’Lëtzebuerger Guiden a Scoute Betebuerg an nach vill anerer Theateroptrëtter gehat.

Quell: Centre national de littérature, Fonds Josy Braun, CNL L-398

1963

Den 13. August 1963 gouf deen éischte Beetebuerger Theaterveräin mam Numm „Amis de la Scène Bettembourg“ gegrënnt. Wärend 10 Joeren hu si ëm déi 200 Virstellunge vun Theater, Revuen a Cabaret opgefouert.
1973 änneren si hieren Numm an nenne sech „Carabet Kollektiv Huwwelbänk“. Zënter 1977 gehéiere si zu den Escher Veräiner.

1988

De 7. Mäerz 1988 gouf d’Grënnungsversammlung vun de Beetebuerger Theaterfrënn am Café Hinterscheid zu Beetebuerg ofgehalen. 80 Leit ware present an et hu sech der direkt 44 als aktiv Membere gemellt. Éischte President gouf de Serge Hoffmann, dee zu deem Zäitpunkt och President vun der Kulturkommissioun war.

1988

De 17. Dezember 1988 war den éischten Optrëtt an der Sportshal zu Beetebuerg. Ënnert dem Titel „D’Bétebuerger Theaterfrënn stellen sech fir“ huet de Veräin Sketcher, Lidder an den 1-Akter „Gutt Noperen“ opgefouert.

1989

Am Dezember 1989 hunn d’Beetebuerger Theaterfrënn dunn hiert éischt grousst Stéck „Den Horrbock“ opgefouert.
Et war eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum René Weimerskirch vum Klassiker „Der Widerspenstigen Zähmung“ a Regie gefouert huet de Robert Schweitzer.

1991

Fir den drëtte Gebuertsdag kritt de Veräin säin éischten eegene Wopen, dee vum Loll Reding entworf gouf.

1991

De 16. a 17. Mäerz 1991 huet de Veräin déi 1. Revue gespillt. Domadder gouf eng Traditioun vun den „Amis de la Scène“ opgegraff, déi mat vill Erfolleg d‘ „Beetebuerger Revuen“ opgefouert hunn.
Kuerz dono, den 10. Juni, gouf a Präsenz vum Grand-Duc Jean déi nei Gemeng ageweiht an d’Collarts-Schlass ass a „Beetebuerger Schlass“ ëmgenannt ginn. Mir hunn eis als Veräin och un de Feierlechkeete bedeelegt.

1993

De 7. Mäerz 1993 krut de Veräin 5 Joer. Als Kaddo huet d’Gemeng eis en eegene Proufsall um Späicher vun der Gemeng gestallt.

1998

Am November 1997 krute mir en neie Logo. Entworf gouf e vum André Baus.
Vu Februar bis Dezember 1998 hu mir eisen 10. Gebuertsdag mat ville verschiddenen Eventer gefeiert: eng Séance d’ouverture, d’Revue, eng Kulturrees op Prag, engem groussen Theaterstéck an Optrëtter vun de Gruppen „Giestas de Montemuro“ aus Portugal an „Namasté“ aus dem Lycée Hubert Clement vun Esch.
Et gouf och e Jubiläumsbuch erausbruecht.

2013

Am Joer 2013 hu mir eise 25. Gebuertsdag gefeiert.
Den Organisatiounscomité huet eng Séance académique, e Kannertheater an eisen éischte Krimidinner organiséiert.
Och hei gouf eng Broschür zesummegestallt.

2015

2015 gouf vum neie Comité proposéiert fir aus eisem Veräin eng „Association sans but lucratif“ (a.s.b.l.) ze man. Den 12. Juni huet eng ausseruerdentlech Generalversammlung stattfonnt, wou 24 vun eise 27 aktive Membere vertruede waren. An dëser Versammlung goufen déi nei Statutten eestëmmeg ugeholl an de Veräin huet säitdeem den offiziellen Numm „Beetebuerger Theaterfrënn a.s.b.l.“