Nëtzlech Informatiounen

Oweskeess

 

Eis Oweskeess ass ëmmer eng Stonn virum Spektakel op.

Accès fir Rollstull

Virum Agang vum Festsall ass eng Ramp fir mam Rollstull erop ze fueren. D’Toiletten, déi sech am Sous-Sol befannen, si mat engem Trapelift ze erreeschen.

Wou fann Dir eis?

BEETEBUERGER SCHLASS
13, rue du Château
L-3217 Bettembourg

Marker (lat: 49.51733, lng: 6.09674)

BUS

Um Busarrêt „Beetebuerg Kiircheplaz“ bleiwen d’Linnen 168 (Biergem, Helleng, Fréiseng, Uespelt, Päerel (D)), 201 (Mäerel, Kockelscheier, Diddeleng), 208 (Leideleng), 305 (Diddeleng), 307 (Biergem, Steebrécken, Féitz, Monnerech, Esch) an 308 (Schëffleng, Esch) stoen.

ZUCH

Vun der Beetebuerger Gare aus ass d’Schlass an 10 Minutten ze fouss ze erreeschen.

Parkméiglechkeeten

An der Schlassstrooss selwer si just wéineg Parkméigechkeeten.

Déi nooste Parkinger sinn déi vun der Kiercheplaz a vun der Place Nelson Mandela (Centre sportif).

KulTourhaus Hunchereng
8, rue de l’École
L-3341 Bettembourg

Marker (lat: 49.515723800574115, lng: 6.063583734171481)